
Haten déi 1. Riichter der Directrice vun der Adem am Dezember nach Onrecht ginn, krut si vun deenen zweete Recht. D'Cour huet nämlech en Appell vum Staat als fondéiert ugesinn an domat e Recours vun der Societéit géint eng Decisioun vun der Adem-Directrice vun August 2017 als net fondéiert. Déi hat sengerzäit refuséiert, eng Attestatioun auszestellen, fir dass d'Sàrl d'Recht hätt, d'Persoun vun hirem Choix fir e fräie Posten ze rekrutéieren. D'Societéit hätt keng Indemnité de procédure zegutt a misst och fir d'Fraise vu béiden Instanzen opkommen.
D'Sàrl hat am Mee 2017 eng fräi Plaz vun engem Aide-cuisinier/Commis de cuisine fir tunesesch Spezialitéite gemellt. D'Adem hat d'Societéit an den Deeg drop iwwer zwee Kandidaten informéiert. D'Sàrl hat der Adem de Mount drop awer matgedeelt, dass deen 1. Kandidat keen Intressi gewisen, deen zweete si nach net kontaktéiert hätt an hir och en néidege Formulaire feele géif. Si wéilt dofir e Certificat ausgestallt kréien, deen hir d'Recht géif ginn, fir eng Persoun vun hirem Choix anzestellen. D'Adem hat deeselwechte Mount ë.a. geäntwert, dass d'Societéit déi néideg Formulairen eraschécke sollt. De Mount drop hat d'Sàrl nach emol gefrot, e Certificat ze kréien, fir eng Persoun vun hirem Choix astellen ze kënnen; där Demande war d'Adem-Direktesch am August 2017 net nokomm. D'Societéit war dowéinst am Oktober vun deem Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Den Tribunal administratif hat hir am Dezember elo Recht ginn; am Januar hat de Staat dogéint Appell gemaach.
Déi zweet Riichter halen an hirem Uerteel fest, et géif hei ëm d'Fro goen, ob d'Adem der Sàrl op d'mannst ee Kandidat proposéiert hätt, deen dem Profil fir déi oppe Plaz entsprach hätt. Fir d'Cour ass op d'mannst ee Kandidat an deem Fall, dee 15 Joer Beruffserfahrung als Commis de cuisine an zwee Joer als Kach hätt, ë.a. an engem marokkanesche Restaurant. Och wann dat net gläichzesetze wär mat der tunesescher Kichen, wär dem Mann seng Experienz awer bewisen, an hie géif ë.a. och arabesch schwätzen, wat d'Societéit sech gewënscht hätt. Seng Erfahrung a seng Sproochekenntnisser géife beweisen, dass säi Profil deem gewënschtenen entsprieche géif, an de Mann hätt der Sàrl och säin CV, eng Lettre de motivation geschéckt an hir telefonéiert. Well dem Mann seng Kandidatur dem gesichtene Profil entsprieche géif, wär de Recours vun der Societéit net fondéiert an d'Decisioun vun der Adem-Direktesch net z'annuléieren. D'Sàrl hätt och keng Indemnité de procédure zegutt.