Fondatioun KräizbiergTourismusministère wëll seng Produiten hei bestellen

RTL Lëtzebuerg
Domadder géif ee weider Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Behënnerung schafen.
© Danielle Goergen / RTL Radio

Produite vum Tourismusministère, wéi zum Beispill vu Visitt Lëtzebuerg sollen an Zukunft vun der Fondation Kräizbierg bestallt ginn. Dëst bitt Aarbechtsplaze a verschiddene Beräicher fir Leit mat enger Behënnerung un.  Den Tourismusminister Lex Delles war dofir d’lescht Woch bei der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng op Besuch.

Fondatioun Kräizbierg / Reportage Danielle Goergen

Eng 114 Leit schaffen den Ament an den verschiddenen Atelieren. D'Häerzstéck vum Site zu Diddeleng ass awer d'Schoul, well nieft den Aarbechtsplaze ginn hei och Formatiounen ugebueden, esou den Direkter Tom Wagner.

“Et ass esou, datt jiddwereen, dee wëll an d'Ateliere schaffe goen, muss virdru säi Wee iwwer d'Schoul maache. Fir datt mir engersäits kënnen eng korrekt Evaluatioun vun de Kompetenze maachen, wou si dann eben och déi verschidden Handwierker kenneléieren. Do kënnen d'Leit da genau an déi Richtung ausgebilt ginn, fir datt si herno e fléissenden Iwwergang an d'Atelieren hunn.”

© Danielle Goergen / RTL Radio

Virun Allem an de méi kreative Beräicher ginn hei Formatiounen ugebueden.  D'Gäertnerei ass nëmmen eng vu ville Kompetenzen, esou den Administrateur délégué Jeannot Berg.

“Mir hunn eng Offset Dréckerei, eng Siebdréckerei, mir hunn Textildrock, mir hunn Tamponnage-Offset-Drock, Broderie, mir hunn eng Poterie, mir hunn en Atelier multimedia. Mir hunn och en Atelier Prestation de services an och d'gesamt Comptabilitéit esouwuel vun der Fondatioun, wéi och vun den Atelieren, gëtt vun de Mataarbechter gemaach.”

© Danielle Goergen / RTL Radio

Vun Prabbelie bis Stickere, Poschen a Glieser kann een hei alles bedrécke loossen. Et kann een Dia-Fotoe digitaliséiere loossen an Tase bestellen. Besonnesch ee Beräich huet de Minister Lex Delles begeeschtert.

“Wann ee sou gesäit, wéi d'Broderie hei funktionéiert, wou se am Gaange sinn, d'Poloe fir d’ Police ze maachen, do gesäit ee wierklech, a wéi engem Detail déi Maschinnen do lafen a wou awer nach ëmmer vill Handaarbecht gefrot ass, fir Detailer nozebesseren, fir kënne Saachen ze bespanen a.s.w.  Do gesäit ee wierklech, datt all déi Aarbechtsschrëtt zesumme ganz wichteg sinn.”

Vu datt d'Demande an de leschte Jore staark geklommen ass, soll elo weider moderniséiert an ausgebaut ginn. Betriber a Privatleit, déi un de Produiten vun der Fondatioun interesséiert sinn, kënnen op Diddeleng kucke fueren oder uruffen.

Back to Top
CIM LOGO