D'Pressekonferenz war opgebaut wéi eng Aart escape-Spill, béi deem een e ganzen Tour duerch d'Rotonde 1 gemaach huet an op verschiddenen Etappen um Handy Froen zum Gebai oder der Programmatioun beäntwerte konnt. Esou sinn déi wichtegst Informatioun interaktiv vermëttelt ginn. Lass goung et an der sougenannter Galerie, déi scho virun den Ëmbauaarbechten an der Rotonde 1 existéiert huet, ma elo duerch verschiddenen Adaptatioune verbessert ginn ass.
Et gouf zum Beispill e ronn 800 Quadratmeter grousse Rideau bäigefüügt, dee virun allem dozou dénge soll, d'Galerie komplett ze verdonkelen. Dëse Rideau hänk esou wuel virun de Fënsteren, ewéi virun der Mauer, déi d'Galerie vum grousse Sall an der Mëtt trennt. Ausserdeem, goufen déi al Fënsteren duebel verglaast, esou dass een elo net méi den Trafic vu Bus an Zuch héiert, deen an der Vergaangenheet fir vill Geräischer gesuergt huet. De Rideau soll generell fir eng besser Akustik an der Galerie suergen. An Zukunft, kënnen d'Rotonden also nach méi kreativ ginn an hunn aner Méiglechkeeten, fir ënnert anerem Konschtausstellungen an der Galerie z'organiséieren.
Weider goung et hannert d'Galerie an ee Beräich, deen de Public normalerweis net ze gesi kritt, ma deen awer fir d'Organisatioun vun de Rotonden immens wichteg ass. Hannert de Kulisse kënne Kënschtler elo an neie Logen zur Rou kommen, den technesche Service krut och seng eege Reim an e grousse Stock soll an Zukunft fir méi Sécherheet suergen. Virun den Ëmbauaarbechte wier einfach alles hannert engem Rideau stockéiert ginn. Elo kann een dat an engem organiséierte Raum mat enger Paart maachen.
Zanter engem Mount ass d'Rotonde 1 nees offiziell fir de Public op an et gouf och schonn en Hip-Hop-Marathon am grousse Sall organiséiert. Dësen huet visuell déi gréisste Changementer duerchgemaach a bitt elo 3.000 Plaze méi wéi virdrun. Insgesamt kënnen d'Rotonden op hirem Site 11.600 Leit ophuelen. Am Grousse Sall mussen awer nach bis Enn dës Joer verschidden technesch Upassunge gemaach ginn, iert dëse Chantier definitiv ofgeschloss ass.
D'Aarbechten an der Rotonde 1 sinn awer just en éischten Deel vun enger Rei Aarbechten, déi nach an de kommende Joren op d'Rotonden duerkommen. Och d'Rotonde 2 ass den Ament an der Renovatioun a soll um Enn e ganz neie Look kréien. Op zwee Stäck wäert een hei verschidden Evenementer erliewe kënnen. Genau Detailer sinn awer nach net public.
Nieft deem éischten Abléck an d'Rotonde 1 gouf op der Pressekonferenz awer och d'Saison 26/27 presentéier. Eng 120 Evenementer sollen an der Rentrée op d'Leit waarden, dorënner vill bekannte Projeten, wéi d'Triennale de Jeunes Talents, déi et ab dem 26. Juni z'entdecken gëtt. Donieft geet de Spektakel "Fabula Rasa" am Januar an eng weider Editioun an och d'Ausstellung "XPO E", fir Schüler a Schülerinnen op E-Sektiounen am Lycée, gëtt nees organiséiert. D'Foire aux disques soll dann och nees wéi gewinnt sinn.
Et ginn awer och verschidde Neiegkeeten an der kommender Saison z'entdecken. Als Highlight gouf hei de Projet "Hoppla" fir déi ganze Kleng tëschent 6 Méint a 5 Joer betount. Domat wéilt ee fir méi Visibilitéit am Beräich vun de Kannerevenementer suergen. Zousätzlech wéilt een an de kommende Programmatiounen e gréissere Fokus op Zirkusspektakel leeën.
Ee weidere wichtege Rendez-vous, op deen d'Rotonde sech all Joer freeën, sinn d'Congés annulés am Summer. Vum 24. Juli u kann ee wärend 28 Deeg dobaussen mat Frënn oder der Famill eppes drénken, iessen a mat Musek bei enger gemittlecher Atmosphär dat summerlecht Wieder genéissen. Et ginn och eng Rei Concerten organiséiert. Den Ufank maache GANS, de Chris Imler a Sheebaba.
Dem Direkter vun de Rotonden Steph Meyers war et och wichteg ze betounen, dass d'Rotonden trotz verschiddenen Ëmbauaarbechten ëmmer op waren an et och an Zukunft wäerte bleiwen. De Programm huet net misse reduzéiert ginn a bleift weiderhin an där Form bestoen, wéi et och virdrun de Fall war.
All Informatiounen zur Saison 26/27 an de Rotonde fannt Dir hei.