Wéi kënne mer gutt al ginn a gutt am Alter liewen? Dorëms goung et an eiser Emissioun “Background am Gespréich” mat den Invitéen Edmée Anen, Generalsekretärin vun der Amiperas, Alain Brever, Direkter vum GERO-Kompetenzzenter fir den Alter, a Réné Dondelinger, President vun der Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie.
D’Liewenserwaardung zu Lëtzebuerg läit an der Moyenne bei 83 Joer. An et wier einfach en demographesche Fakt, datt geschwë méi eeler Leit hei am Land wunnen wéi Jonker, sou den Alain Brever. D’Altersgrupp 65+ wier sou divers wéi soss keng. Duerfir misst een deen eelere Leit definitiv méi eng Stëmm ginn a se eescht huelen. Do ware sech déi dräi Invitéen eens. D’Amiperas wier 1963 gegrënnt ginn, fir eben de Senioren eng Stëmm ze ginn a déi eeler Leit zesummen ze féieren, esou d’Edmée Anen, déi schonn als Studentin ugefaangen huet, bei der Amiperas ze schaffen. Mä deemools wéi haut géif den Alter dacks nach als eppes Negatives sinn. Dat misst ee fir allemol ophalen, sot si.
Den Haaptmessage un déi eeler selwer war deen, fir sech esou fréi wéi méiglech z’informéieren iwwert dat wat, nom aktive Liewe kënnt. A virun allem fir esou laang wéi méiglech aktiv ze bleiwen. Bougéieren “am Kapp an am Kierper” wier dat beschte Rezept, fir gutt ze alteren, esou de René Dondelinger. Et wier däitlech besser, wéi sech just nach passiv “beriselen ze loossen.”
90 Prozent vun de Leit wëllen am léifsten doheem an den eegene véier Wänn al ginn. Dat ass ee klore Constat. De beschte Moment fir an en Altersheem oder an d’betreit Wunnen ze goen wier deen, dee selwer gewielt ass, sou de René Dondelinger. Mä et misst ee sech fréi genuch Gedanken driwwer maachen. D’Generalsekretärin vun der Amiperas huet vu Reklamatioune gezielt, déi se vu Leit géif kréien, déi an den Heemer entmëndegt géifen. Den Direkter vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter Alain Brever huet nuancéiert: den Ufank an engem Altersheem wier meeschtens eng Kris well d’Leit hir Repèrë verléieren. Mat der Zäit géif et awer besser ginn.
Web-Banking, Online-Handel, Mailen, etc. Wéi kann een déi eeler Leit guidéieren, fir net den Uschloss ze verléieren?
Och hei wier d’Stéchwuert “Autonomie”, sou den Alain Brever. Et géif hei ganz vill Coursë fir eeler an och manner al Leit ginn, fir sech ze digitaliséieren. Mä dat kéint einfach net jiddereen. An déi Leit dierft een net vergiessen. Duerfir misst et ëmmer eng Alternativ zum Digitalen ginn, déi vun de Banken, der Post etc..
Mam Alter géif d’Konzentratioun einfach zu engem Ament noloossen, huet de Geriater René Dondelinger erkläert. Do géif eng Digitaliséierung dann effektiv e bëssche komplizéiert. Et dierft op kee Fall eng “digital Exklusioun” ginn. Datt zum Beispill Leit, déi e Virement op Pobeier maachen, mat héije Fraisen bis zu 7 Euro gestrooft géifen.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.