
De Mann war Zeienaussoen no an de Bus geklommen, ouni seng Mask unzedoen. Nodeems de Buschauffer en drop higewisen hat, déi dann dach w.e.g. unzedoen, koum et zu enger Diskussioun, wouropshin de Mann aggressiv an handgräiflech géintiwwer dem Buschauffer ginn ass.
De Buschauffer huet de Mann du soulaang am Bus festgehalen, bis d'Police op der Plaz war. Déi huet bei der Kontroll festgestallt, dass de Mann eng kleng Quantitéit Droge bei sech hat.