Bilan no zwee MéintTeletravail och an Zukunft eng Optioun?

RTL Lëtzebuerg
Mëtt Mäerz dëst Joer huet et a villen Entreprisë wéinst de Mesurë géint de Coronavirus op eemol misse ganz séier goen.
Bilan Teletravail
Mëtt Mäerz dëst Joer huet et a villen Entreprisen wéinst de Mesure géint de Coronavirus op eemol misse ganz séier goen.

Wat soss schonns zënter Joren duerchdiskutéiert gouf, huet elo gezwongenermoosse misse quasi iwwer Nuecht ëmgesat ginn. Den Teletravail. Eng Aart a Weis ze schaffen, déi fir jidderee vill Ëmstellunge mat sech bréngt an déi domadder och Entreprisen a Mataarbechter virun eng Rei Erausfuerderunge gestallt huet.

Och wa vill Patronen et vläicht ongär zouginn: d’Corona-Kris huet dunn awer bewisen, datt a ville Positiounen d’Aarbecht vun Doheem aus méiglech ass. A Betriber, deenen hir Operatioune gréisstendeels op digitaler Basis lafen, ass den Teletravail schonn zum Standard ginn. Wéi sinn hir Erfarunge bis elo? Kéint den Teletravail trotz de Bedenken ee festen Deel vun der Aarbechtskultur ginn? Mir maachen de Bilan no zwee Méint vum sougenannten "Home Office" bei eis am Video-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO