Pangea vs roude MilanTanson an Dieschbourg: Dossier Museksfestival konform zum Naturschutzgesetz

RTL Lëtzebuerg
Méi dacks ewell hate mer an der Lescht vum Schlass zu Biertreng an engem Museksfestival geschwat, deen do ofgehale gëtt.
© Domingos Oliveira / Archivbild

Uganks August soll jo do e private Museksfestival organiséiert ginn a wou sech Froen iwwert den Naturschutz an dëser Zone Verte gestallt gi waren. Erwaart gi sech eng ronn 2.500 Leit, dëst op Invitatioun. Et sief ze präziséieren, dass effektiv dës Unzuel Invitatioune verdeelt gouf, aus Erfarung awer just ronn 70% vun den invitéierte Leit op d'Plaz kommen.

D'Ministeschen Tanson an Dieschbourg äntweren elo op eng hallef Dosen Froen, an deem Kontext, déi d'CSV-Deputéiert Hansen a Kemp-Arendt gestallt haten a präziséieren ënner anerem, datt d'Organisateure vum Museksfest den 10. Juli eng Erlaabnis kruten, fir dëst Evenement um Site vum Schlass ofzehalen.

Dës Autorisatioun ënnerläit 15 Konditiounen, wéi zum Beispill, datt de Museksfestival muss nuets um 1 Auer eriwwer sinn an d'Leit deen Ament den Terrain mussen ufänken ze verloossen, datt no Hallefnuecht d'Musek eng reduzéiert Lautstäerkt muss hunn, datt genuch chemesch Toiletten um Site installéiert ginn an datt de Stationement vu Caravannen an Roulotten reglementéiert ass.

Wat de Site vum Schlass ubelaangt, dat zanter zejoert "klasséiert" ass.

Bedauert gëtt, datt d'Organisateuren net schonn bei de Preparative mam Kulturministère Kontakt opgeholl haten, duerno ass dat dunn awer duerch de Ministère geschitt, sou dass déi 7 néideg Mesure geholl goufen, fir de Site ze schützen.

D'Ministeschen Tanson an Dieschbourg ginn zou, datt et sécher méi adequat Sitten am Land ginn, fir e Festival mat e puer Dausend Visiteuren ofzehalen, par contre wier den Dossier vum Festival konform zum Naturschutzgesetz gewiescht. Duerfir hätt de Ministère och d'Erlaabnis mat de verschiddene Konditioune ginn.

Wat e Changement vun der Affektatioun vum ale Biertrenger Schlass ugeet, dat dem Roude Kräiz gehéiert, kënnen d'Ministeren heiriwwer net tranchéieren, well et eng privat Proprietéit ass. Bis op Weideres ass de Staat dann och net gewëllt dësen Domaine um Terrain vun der Gemeng Schieren ze kafen.

Schlass Biertreng: Rout Kräiz gesäit sech net am Feeler

Back to Top
CIM LOGO