
Ëm kuerz no 22 Auer ass een däischter ugedoene Mann mat engem Motorradshelm an d'Tankstell op der Route du Vin gaangen, wou hien d'Employéen du mat enger Schosswaff menacéiert huet. De Contenu vun der Keess konnt deen Onbekannte matgoe loossen.
Zu Fouss huet sech den Täter dunn a Richtung Seckerbaach aus dem Stëbs gemaach. D'Police beschreift de Mann als grouss. Mat Helm wier hie ronn 2 Meter héich gewiescht, esou Zeien.
Blesséiert gouf bei der Dot keen, et goung kee Schoss aus der Waff. Fir de Verdächtegen ze fannen, gouf zesumme mat Beamten aus den Nopeschlänner intensiv nom Mann gesicht.
D'Police Museldall, den SPJ, d'Spueresécherung an de Groupe Psychologique ware sur place. Eventuell Zeien, déi virum oder nom Virfall an der Géigend verdächteg Beobachtunge gemaach hunn, solle sech esou séier wéi méiglech um 113 mellen.