Dossier JoinTâche vum Etienne Schneider kloer vu Postgesetz gereegelt

RTL Lëtzebuerg
Op Drock vun der CSV gouf den Dossier Join als Question élargie op den Ordre du Jour gesat.
© RTL (Archiv)

Well de Parquet enquêtéiert, wollt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber net vill iwwert den Dossier Join soen. Dëst ass en Dossier, deen d’CSV mat enger Question élargie op den Ordre du Jour setze gelooss huet.

25.000 Abonnenten hätt Join gehat, déi mat eriwwer an de Post-Group geholl goufen. Elo dierften et e bësse manner Leit sinn, esou den Etienne Schneider. Déi finanziell Perten, déi déi Chrëschtlech Sozial avancéiere géifen, géifen och esou net stëmmen. Dat hätt de Postdirekter Claude Strasser schonn e puermol an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert.

D’CSV schwätzt vun enger 120 Milliounen Euro, déi verbrannt gi wieren. D’Post schwätzt vun 31 Milliounen Euro. Do missten awer och nach d’Valeur vun de Plattformen vun Join ofgerechent ginn, déi mat eriwwer bei d’Post geholl goufen.

Wat dem Wirtschaftsminister seng Implicatioun an d’Geschäfter vun der Post a Join ugeet, huet den Etienne Schneider erkläert, datt seng Tâche ganz kloer duerch d’Postgesetz gereegelt ginn. Hie géif sech aus de Geschäfter vun der Post eraushalen.

Am Verwaltungsrot vun der Post wieren d’Decisioune geholl ginn, net vun him. De Laurent Mosar wollt nämlech konkret wëssen, wat den Etienne Schneider wousst a wat net, nodeems de Claude Strasser erkläert hat, de Minister wier net iwwert alles am Bild.

Vun der Nott, déi Dysfonctionnementer bannent der Firma Join beschreiwe soll, op déi sech d’CSV baséiert an duerch déi déi Chrëschtlech Sozial den Dossier un d’Justiz weiderginn hunn, huet den Etienne Schneider erkläert, datt Join an d’Post sech vun där Persoun virun dem Weiderginn vun der Nott getrennt hätten. Eréischt duerno wier déi Nott un d’CSV gaangen.

De Laurent Mosar huet no den Erklärunge vum Minister sech net zefridde gewisen. Hien hätt sech méi erwaart. De Minister hätt net wierklech op seng Froe geäntwert.

Back to Top
CIM LOGO