"De soziale Volet muss gestäerkt ginn. Mir erwaarden eis méi Investitiounen an den abordabele Logement. Den nationale Plang géint d’Aarmut misst sech och am Budget zréckfannen, grad wéi déi ekologesch Transitioun." Dat sot en Dënschdeg de Moien den Direkter vun der Chambre des salariés, de Sylvain Hoffmann. Hie war - een Dag virun der Presentatioun vum Budget fir d'nächst Joer - eisen Invité vun der Redaktioun. Op der Recettësäit wënscht sech d’CSL méi Steiergerechtegkeet.
Wat de Wunnengsbau ugeet, weess den Direkter vun der Chambre des salariés, datt d'Regierung net näischt mécht. Mä den Invest géif net duer goen. Et misst d'Prioritéit si vun der Regierung, beim Invest fir d'Zukunft. Eleng mat Investitioune wär et och net gedoen, et misst een och legiferéieren, also d'Gesetzer ëmänneren, fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien. Wunnengen, déi eidel stinn, oder Terrainen, déi net op de Marché kommen, fir datt do ka gebaut ginn, wäre weider Problemer, déi net ugaange ginn. Vun enger Hausse vun der Grondsteier hätt een och scho laang näischt méi héieren.
Déi ekologesch Transitioun géif ze lues virugoen. D'CSL ënnerstëtzt d'Beméiunge vun der Regierung, fir d'Leit finanziell beim Ëmklammen z'ënnerstëtzen. Mä de "Leasing social" fir en Elektroauto, zum Beispill, do wären net genuch Moyene virgesinn. Dem aktuelle Budget no kéinte just eng 1.000 Leit d'Joer dovunner profitéieren. Wann een an deem Tempo virufiert, géif een déi ekologesch Transitioun net hikréien, fäert de Sylvain Hoffmann.
Wat allgemeng d'Staatsfinanzen ugeet, géif Lëtzebuerg, global gekuckt, nach ëmmer gutt do stoen. Mir hätten nach ëmmer mat déi niddregste Staatsschold. D'Entwécklung vun de Staatsfinanze misst een natierlech am A behalen, och vun den Depensen. D'Krisen aus de leschte Joren hätten natierlech d'Depensë klamme gedoen. Dëst Joer wären "d’Recettes courantes" méi héich wéi d'Depensen. Den Defizit géif duerch Investissementer entstoen. Dat wär en Invest an d'Zukunft an dat kéint een duerchaus maachen, fënnt den CSL-Direkter. Et géif een de Finanzminister och beim Wuert huelen, datt de massiven Invest an d'Defense net op Käschte vun der Sozialpolitik geet.
Wat d'Steierreform ugeet, ënnerstëtzt d'Chambre des salariés de Prinzip vun enger eenzeger Steierklass. Mä eise System wär net gerecht. D'Stéit géifen am Verglach mat de Betriber méi Steiere bezuelen. D'CSL hätt gäre méi e gerechte Steiersystem. Dat wär een, an deem jiddereen no senge Capacitéite Steiere bezilt. Nom Motto "wat ech méi hunn, datt ech méi bezuelen". Dat wär zu Lëtzebuerg net méi ginn. D'Betribsbesteierung wär ze niddreg an et wär absolut net de Moment, fir déi nach erofzesetzen, sou nach de Sylvain Hoffmann.
Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.