An der Preventiounsaarbecht wier et awer wichteg, och aner Beräicher anzeschléissen. Well och am jonken Alter kënne Suchten eng Roll spillen. Doriwwer ass en Dënschdeg um nationale Suchtsymposium geschwat ginn.
A Workshoppen hu sech d‘Participanten ausgetosch an hir Iddien zesummegedroen.
Eng 140 Leit ware bei dësem Symposium dobäi, virun allem Vertrieder aus den Organisatiounen, déi och am Suchtverband sinn. Den Austausch wier hei besonnesch wichteg, esou d'Cynthia Biver, Psychologin beim CePT:
„Well ech aus dem Domaine vun der universeller Preventioun sinn, fannen ech et wichteg, dass een usetzt, ier en Problem do ass. Dass een d’Kanner, d’Jonker an och déi Erwuessener stäerkt, fir dass si, wann e Problem kënnt, net op d’Drogen oder Alkohol zeréckgräifen. Mä dass si dann aner Methode kennen oder Leit hunn, fir doriwwer ewechzekommen.“
Suchtpreventioun fänkt an der Grondschoul un, dat gëtt an den Atelieren däitlech. An dofir muss och d’Preventiounsaarbecht ugepasst ginn. De Jean-Nico Pierre, President vum Suchtverband Lëtzebuerg:
„Kanner schwätzen an engem zweete Schouljoer net vun Drogen, mä si schwätzen dovunner, wéi oft si op den Handy ginn. Wat kënne mir do maachen als Erwuessenen? An domadder solle mir ufänken, also wéi kënne mir d’Kanner staark maachen, fir dass si zu Suchten nee soen. Dorop kënnt et un.“
A fir dat ëmzesetzen, misst d’Suchtpreventioun virun allem op kommunalem Niveau geduecht ginn, esou de Guy Foetz aus dem Gemengeconseiller vun der Stad Lëtzebuerg:
„Sou eng grouss Gemeng wéi d’Stad Lëtzebuerg misst e konkrete Plang hunn, wéi ginn ech géint d’Droge fir. Net nëmme bei den haarden Drogen, mee och beim Alkohol oder aner Droge kann eng Gemeng kucken, wou si en Afloss kann hunn.“
D’Resultater vum Symposium ginn den zoustännege Ministèrë vun der Educatioun an der Gesondheet virgestallt. Eng ganz Partie Iddie sinn e Méindeg op jidder Fall zesummekomm.