Wéinst engem Manktem u kloren Informatioune waren d'Lëtzebuerger Studenten eng vun de betraffene Gruppen, déi sech d'Fro gestalt hunn: wat genau bedeit dat elo fir si? RTL huet mat dräi vun hinnen zu Bréissel geschwat.
De Gil Mancini ass zanter Juli dëst Joer President vun der Lëtzebuerger Studentevereenegung zu Bréissel, dem CELB. Fir säin Droitsstudium ass hie viru 4 Joer op Bréissel geplënnert an ass och wärend dem Confinement do bliwwen.
Déi "gewësse Panik", déi hien an deene leschten Deeg ënnert de Lëtzebuerger Studente bezeit huet, ass och eppes, wat säi Comitésmember, de Mich Weber, materlieft huet.
Esou rassuréiert de Mich awer, dass si, no laangen Telefonsgespréicher mam Lëtzebuerger Ausseminister an der Lëtzebuerger Ambassade, kënne matdeelen, dass d'Studenten ouni Problem weiderhi kënne fir ënner 48 Stonnen heemkommen, ouni sech mussen ze isoléieren. Déi nämmlecht Reegele gëllen och den Ament fir d'Frontalieren.
Och fir d'Inès Klein war dëst ufanks eng kritesch Nouvelle. Déi 22 Joer al Studentin huet virun zwou Woche mat sengem Master zu Bréissel ugefaangen. Ee vun de Grënn, firwat hatt sech déi belsch Haaptstad als Destinatioun rausgesicht hat, war de Fakt, dass een an dësen ongewëssen Zäite wëll sécher sinn, dass ee séier heemkënnt, wann eppes sollt sinn.
Fir den Ament bleiwen awer souwuel d'Inès wéi och de Mich zu Bréissel.
D'Reegelen fir Lëtzebuerger Studenten an der Belsch sinn hei festgehalen.