Bannent de leschte 6 JoerStroumproduktioun vum Staat duerch Photovoltaik verdräifacht

Maxime Gillen
Dat schreift de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch, a enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement.
© Archivbild

Bis 2022 wëll een iwwert de Wee vu Photovoltaik ganzer zwielefmol méi Stroum produzéieren, wéi nach 2013.

De Sven Clement hat gefrot, wéi vill Stroum duerch erneierbar Energien de Staat selwer produzéiert - notamment duerch Anlagen op ëffentleche Gebaier. Déi lescht fënnef Joer hätt ee ronn 8,6 Milliounen Euro am Joer an energetesch Sanéierungen investéiert, esou de Minister Bausch.

Solarthermesch Installatioune géif et op 12 Staatsgebaier a Photovoltaikanlage géif een op 28 Gebaier fannen. Alles an allem géif de Staat knapp 500 Gigawatt-Stonnen Energie brauchen fir ze hëtzen a ronn 240 Gigawatt-Stonnen am Joer fir de Stroum.

Back to Top
CIM LOGO