
De Bedreiwer vum Stroumnetz Creos huet jo geziilt verschidde Reseauen oder och ganz Regioune vum Netz geholl.
Aus Sécherheets-Grënn muss de Stroum ofgeschalt ginn. Et misst séier gehandelt ginn, soubal ee mierkt, dass d'Waasser klëmmt. De Marc Meyer vu Creos:
"Also dass sou,wann dir äre Keller ënnert Waasser stoen hutt, dann ass net séchergestallt, dass wann d'Waasser bis bei d'Leitung kënnt, dann d'Sicherungen ausschalten. Dat heescht dee Moment kënnt et ganz oft, fir dass d'Waasser ufänkt mat kachen. D'Leitung gëtt net ënnerbrach an dee Moment äre Schalt-Schaaf, wann een deen dann nach eng Kéier ze gesinn kritt, carrement ganz zesumme geschmolt ass."
Verschidde Leit musse sech wuel bis iwwert de Weekend gedëllegen, ier hiert Doheem nees un de Stroum ugeschloss gëtt. Eng éischt Viraussetzung ass, dass d'Waasser zréckgeet. Duerno mussen d'Leit selwer hiren Elektriker kontaktéieren, an dann réischt kann Creos intervenéieren, sou de Marc Meyer.
"Et muss ee wëssen, dass do wou ausgeschalt ass a wierklech de ganzen Tableau ënner Waasser steet, do muss den Elektriker op d'Platz kommen, well eis Verantwortung hält eigentlech bei der Panzer-Këscht op. Et ass wichteg, dass ier mir do rëm de Stroum bäischalten, also de Leit rëm Stroum kënne ginn, d'Leit am Virfeld mat hiren Elektriker, hir Installatioun eng Kéier kontrolléiert hunn."Och Installatioune vu Creos selwer goufe vum Waasser beschiedegt.
"Mee mir hunn awer och eng ganz Rei Leitungen a Statiounen, déi ënnert Waasser stinn, Schief, déi ënnert Waasser stinn. Déi musse mir elo all eenzel ofgoen, wa mir da bäikommen an dann huele mir se rëm eenzel a Betrib"
Genee Zuelen vun de concernéierte Stéit ka Creos net nennen, de Marc Meyer geet awer vun enger Zuel am véier-stellege Beräich aus.
Besonnesch betraff vum Héichwaasser an eben der aktueller Stroum-Situatioun wier den Iechternacher Raum. Creos schafft den Ament ronderëm d'Auer an och de Weekend fir de Problem mam Elektreschen sou séier wéi méiglech an de Grëff ze kréien.