
D'Cour d'appel huet en Dënschdeg am Nomëtteg fir 4 vun den am Ganze 7 Männer eng Prisongsstrof tëscht engem hallwen a fënnef Joer gesprach. Donieft gouf et nach ee Fräisproch. Um Stater Geriicht waren déi 7 am Virfeld zu feste Prisongsstrofen tëscht engem a sechs Joer verurteelt ginn.
Hinne waren net manner wéi 88 Abréch queesch duerch d'Land virgehäit ginn, dobäi waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser viséiert. D'Police hat ënnert dem Stréch e finanzielle Schued vu bal 170.000 € festgehalen.