Mobil Palliativmedezin vum CHdNStierweskrank Leit kënne bis zu hirem Liewensenn doheem betreit ginn

Christophe Hochard
Virun 20 Joer huet déi deemoleg Ettelbrécker Klinik, haut de Centre Hospitalier du Nord, de Service "Mobil Palliativmedezin" an d'Liewe geruff.
VIDEO: Mobil Palliativmedezin vum CHdN / Rep. Christophe Hochard (4.10.19)
Virun 20 Joer huet déi deemoleg Ettelbrécker Klinik, haut de Centre Hospitalier du Nord, de Service "Mobil Palliativmedezin" an d'Liewe geruff.

Zil ass et, stierweskranke Leit d'Méiglechkeet ze ginn, bis zu hirem Liewensenn doheem ze bleiwen an do kënnen ze stierwen. Dëse Service gëtt am Norde vum Land ugebueden. De ChdN ass dat eenzegt Spidol am Land, dat dës Offer proposéiert. All Joer kommen eng 40 nei Fäll dobäi.

Mobil Palliativmedezin vum CHdN

D'Véronique Karier ass eng vu 7 mobillen Infirmièren aus dem Ettelbrécker Spidol a këmmert sech ë.a. ëm den Här Michels, deen zanter annerhallwem Joer onheelbare Kriibs huet. Mat vill Courage erdréit den 71 Joer ale Mann seng Krankheet. Hien ass awer frou, dass hien op déi mobil Palliativfleeg vum Centre Hospitalier du Nord zeréckgräife kann. Säin Zoustand ass net ëmmer d'selwecht, en huet emol gutt a manner gutt Deeg. Zwee Mol an der Woch kënnt eng Infirmière bei d'Famill Michels heem. Wann et dem Patient méi schlecht geet, da gi méi dacks Visitte gemaach.

© Christophe Hochard

3 bis 4 Patiente gi pro Dag vun der mobiller Palliativmedezin vun Ettelbréck betreit. E Service, dee virun 20 Joer fir stierweskrank Mënschen an d'Liewe geruff gouf.

Am Ganze goufen an deene leschten zwee Joerzéngten 800 Persoune vum Service "Mobil Palliativmedezin" betreit. Een Drëttel konnt bis zu hirem Liewensenn doheem wunnen. D'Ekipp kann och ëmmer op d'Hëllef vun hiren Dokteren zréckgräifen, betount den Dr. Frank Jacob, Onkolog.

Back to Top
CIM LOGO