
Dat awer op engem héijen Niveau. Déi grouss Onbekannt géifen déi méi ustiechend Varianten duerstellen.
Den effektive Reproduktiounstaux hätt sech bannent enger Woch vun 1,12 op elo 1,07 reduzéiert. Suerge mécht sech d'Covid-19-Taskforce iwwer d'Verbreedung vu méi ustiechende Varianten. Dëst kéint dozou féieren, datt an de kommende Wochen d'Infektiounszuelen nees an d' Luucht ginn. Den Ament géife keng representativ Date vun de Varianten, déi am Grand-Duché zirkuléieren, virleien. Genee Projektiounen ze maachen, wier ganz schwiereg.
Fir d'Wëssenschaftler wier et dofir wichteg, an de kommende Woche weider physesch Kontakter ze reduzéieren. Ausserdeem géif eng aktiv Participatioun um Large-Scale-Testing dozou bäidroen, fir d' Infektiounszuelen ënner Kontroll ze halen.
