
De Staatsrot huet de Gesetzprojet 7425 iwwert d'Waffen a Munitioun op de Leescht geholl an schreift sech domadder mat op d'Lëscht vun de Kritiker. Carrement 19 Mol liest een d'Remark Opposition Formelle am Avis vun der héijer Kierperschaft an dat weist, dass dat neit Waffegesetz esou nëmme schwéier kann um Terrain applizéiert ginn.
E gëtt net nëmme vun de Concernéierte kritiséiert, de Gesetzesprojet iwwert d'Waffen a Munitioun, deen de Justizminister Felix Braz am Mäerz an der Chamber deposéiert hat
Ënnert anerem stéiert de Staatsrot sech un de Bestëmmungen zu Waffe vun der Kategorie A, also bei allen automatesche Waffen, um Agreement vu Waffenhändler an um onkompletten Ëmsetze vun der entspriechender EU-Direktiv. Et géif och eng „atteinte disproportionnée“ vun de Rechter vum Eenzelen, wann den zoustännege Minister, an net de Procureur d'État, vun der Police misst informéiert ginn, dass eng alkoholiséiert Persoun zum Beispill eng oder méi Waffe bei sech hätt.
Op Grond vun dësem ganz kriteschen Avis vum Conseil d'État dierft et zu Nobesserungen um Text an dierft de Gesetzprojet nach esou bal net zur Ofstëmmung an d'Chamber kommen!
Eng ganz Partie Punkte wären um Terrain guer net ëmzesetzen, seet de Vize-President vun de Jeeër Marc Reiter.