16 Lëtzebuerger OrganisatiounenStaatlech Hëllefe fir Betriber u Respekt vu Mënscherecht koppelen

Pierre Jans
D'Initiativ fuerdert de Staat och op, selwer mam gudde Beispill virzegoen.
"Initiative devoir de vigilance"
D'Initiativ fuerdert de Staat och op, selwer mam guddem Beispill virzegoen.

D'"Initiative devoir de vigilance", déi aus 16 Lëtzebuerger Organisatioune besteet, fuerdert, dass d'Regierung déi staatlech Hëllefe fir Betriber un d'Engagement fir de Respekt vun de Mënscherechter koppelt.

Resilience vun de Mënscherechter - Reportage Pierre Jans

D'Corona-Kris hätt gewisen, ewéi fragil d'Liwwerketten am internationalen Handel sinn, esou d'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back. Dës Fragilitéit hätt och eng mënschlech Säit. Hirer Meenung no geet et net duer, wa Betriber sech fräiwëlleg engagéieren. Et misst e verbindlecht Engagement sinn. D'Initiativ bitt sech och un, der Regierung ze hëllefen, fair Critèren auszeschaffen. D'Gréisst an den Ëmsaz vun enger Entreprise wären natierlech ausschlaggebend. De President vu Fairtrade Lëtzebuerg Jean-Louis Zeien nennt d'Beispill vun de Masken, déi zäitweis duerch déi ontransparent Liwwerkette schwéier ze kréie waren. Eng Fro wär do dacks vergiess ginn: ''Wéi an et wat fir enge Bedingunge goufen d'Masken hiergestallt?''

Op europäeschem Niveau géif dem Ament d'Diskussioune ronderëm d'Ausschaffe vun engem gesetzleche Kader fir fair a mënschefrëndlech Liwwerketten. De President vu Fairtrade Lëtzebuerg Jean-Louis Zeien:''Mir denken awer, dass mir fir d'Preparatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie géife gutt drun doen, en nationaalt Gesetz an deem Sënn auszeschaffen. Eben och well dat vill méi séier geet. Éischtens well dat vill méi séier geet. Zweetens, ebe fir d'Betriber hei ze preparéieren. Drëttens aus politesche Grënn, well Lëtzebuerg ass Kandidat fir Mënscherechts-Sëtz bei de Vereenten Natiounen. Da solle mir dat och däitlech weisen, dass mir do eppes wëlle beweegen.''

D'Initiativ fuerdert de Staat och op, selwer mam gudde Beispill virzegoen. Betriber, déi de Staat besëtzt oder kontrolléiert, misste méi streng Mesuren applizéieren, fir Mënscherechter ze respektéieren, sot de President vu Fairtrade Lëtzebuerg, de Jean-Louis Zeien. Virun allem an der Kris wier dat wichteg, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back:''Déi Kris huet eis gewisen, dass alles dat, wat bis elo ëmmer op fräiwëlleger Basis gefuerdert ginn ass vun de Betriber, duerch esou eng Kris komplett an den Hannergrond geroden ass. An dass et eben net duergeet fräiwëlleg Engagementer ze froen. Duerfir fuerdere mir eben op, dass do verbindlech Engagementer musse geholl ginn.''

D'Iddi ass déi hei: et ass richteg, dass de Staat de Betriber mat finanzielle Mëttelen duerch d'Kris hëlleft. Am Géigenzuch missten d'Betriber da versécheren, d'Mënscherechter ze protegéieren, spréch propper Produiten anzekafen an unzebidden. D'Intensitéit vun dësem Engagement wär natierlech u Critèrë gebonnen, d'Nora Back nach eng Kéier: "D'Gréisst vun der Entreprise kann een net ignoréieren. Dat hänkt natierlech vun der Gréisst of. Ass et eng national oder eng multinational? Sinn et eenzel ekonomesch a sozial Entitéiten, wéi ass de Betrib opgestallt? A wéi vill Salariéeën huet en?"

Am Hierscht soll och eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert ginn, déi sech mat der Noutwennegkeet vu sou engem Gesetz befaasst huet.

PDF: Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO