
Den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles seet am RTL-Interview, hien hätt d’Fuerderung vun der Horesca-Federatioun héieren, fir zu 100% entschiedegt ze ginn. Mä „do sinn eis d’Hänn gebonne wéinst dem europäesche Kader“, sou de Minister.
Den CSV-Deputéierte Marc Spautz mengt, de Ministère géing net all d’Moyenen ausschöpfen, déi en hätt. Fir kënnen d’Hëllef fir net-gedeckte Fraisen ze kréien, muss een dem Projet vum Mëttelstandsministère no op d’mannst 40% vum Ëmsaz verluer hunn. Den europäesche Reegelen no kann een awer scho vun 30% Verloscht un Hëllef kréien. Donieft plädéiert de Marc Spautz fir Avancen, respektiv Iwwerbréckungskreditter, well d’Betriber dacks ze laang mussen op hir Sue waarden, mä Liquiditéiten elo scho gebraucht ginn. Den CSV-Deputéierte verlaangt genee ewéi d‘Horesca-Federatioun 100% Entschiedegung fir d’Restauranten a Caféen, well ëmmerhin wieren déi Betriber vun „uewen erof forcéiert ginn“ zouzemaachen.
Nieft der Hëllef fir d’Net-gedeckte Käschte gëtt d’Sprëtz vun 1.250 Euro pro Salarié, wann ee méi ewéi 25% vum Ëmsaz verluer huet, bis Enn Mäerz verlängert. De spezielle Regime vu Chômage partiel wéinst dem Covid gëllt iwwerdeems bis Enn Juni.
D’Presidentin vun der Chamberkommissioun fir de Mëttelstand, d’DP-Deputéiert Simone Beissel, wëll hirersäits rassuréieren: och wann d’Mesuren u sech net dierfe kumuléiert ginn, wier et net esou, datt een am ganzen „Package“, nëmmen eng Mesure kéint ufroen. „Dat heescht, mat deem System, wou se kënne jongléieren, kréie se awer elo méi ewéi elo nëmme 25%“, sou d’Simone Beissel.
D’Chamber stëmmt viraussiichtlech en Donneschdeg iwwert de Mesurëpakof, deen d’Regierung Mëtt November presentéiert hat. Trotz Kritik wäert d’CSV d‘Mesuren matstëmmen, well, sou de Marc Spautz, „besser de Spatz an der Hand, ewéi de Kueb um Daach“.
Nieft de finanziellen Hëllefen, sollen och mat Delaie bei Steieren de betraffene Betriber ënnert d’Äerm gegraff ginn. Betriber an Independante kënnen Delaie bei Payementer, mee och Annulatiounen fir d’Avancen op Steieren ufroen. Am Géigesaz zum Etat de crise ginn Annulatioune fir d’Avancen zwar net méi automatesch accordéiert, mee den DP-Finanzminister Pierre Gramegna hat virun enger Woch an der Chamber verséchert, datt d’Beamten an der Steierverwaltung, respektiv am Enregistrement „bon sens“ géinge weisen.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat am selwechten Debat ze bedenke ginn, datt et zwar engersäits ganz „mënschlech“ Receveure géinge ginn, mee och anerer déi „maximalen Drock“ géingen ausüben. De Pierre Gramegna huet geäntwert: „ech kann a wëll net deem enge Receveur oder Preposé ze no trieden, déi hunn hir Pouvoiren“. De Finanzminister war eegenen Aussoen no iwwerzeegt, datt d’Direktioun an d’Ekippe vun der Steierverwaltung den Debat gelauschtert an zur Kenntnis geholl hätten.
Vu Säite vum Sozialministère heescht et op Nofro hin, datt Betriber, déi Retarde bei Cotisatiounen hunn „Plans d’apurement“ kréien. An deene Pläng proposéiert de Centre Commun (CCSS) deene Betriber wéi d’Retarde sollen zeréckbezuelt ginn. Fir Betriber, déi vun der Kris betraff sinn, gi keng Strofe bei Retarde verrechent.