
D'Ekipp vun der ALAN informéiert an ënnerstëtzt Leit mat enger rarer Krankheet souwuel, wat den Zougang zu enger Gesondheetsversuergung ugeet, mee och am Beräich vun hire soziale Rechter, Bildung, Aarbecht a Familljeliewen.
2019 hunn d'Sozialaarbechter an d'Psychologe vun der ALAN 398 Patienten an där hir Familljen ënnerstëtzt. Si hate mat iwwer 200 verschiddene Krankheeten ze dinn, woubäi déi heefegst där vum Nerven- oder dem Immunsystem ze dinn hunn.
D'ALAN ënnerstëtzt ronn 400 Patienten a Familljen, déi vun enger seelener Krankheet betraff sinn. Si hu mat iwwer 200 verschiddene Krankheeten ze dinn. Nieft de Consultatioune bitt d'Associatioun och ugepasste Sportsaktivitéiten un an engagéiert sech aktiv bei der Opklärungsaarbecht an dem nationale Plang fir seele Krankheeten.
Am November zejoert huet de Gesondheetsministère am Kader vum Plang fir d'Joren 2018-2022 den Infoline Maladies Rares Luxembourg an d'Weeër geleet. Dës funktionéiert souzesoen als éischt Ulafplaz fir concernéiert Persounen. D'ALAN ass en charge vun där Infoline, déi de Leit et méiglech soll maache per Telefon oder Email d'Patienteversuergung ze erliichteren.
Krankheeten, déi bei manner wéi 5 vun 10.000 Persounen optrieden, ginn als rare Krankheet bezeechent. Europawäit gëtt geschat, datt ronn 30 Millioune Mënsche vun esou enger Krankheet betraff sinn. Zu Lëtzebuerg sinn et ronn 30.000 Leit.