StaatsministèreSrel huet sech mat Iwwerwaachungsinstrumenter equipéiert

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Geheimdéngscht huet d’Méiglechkeet, ënner strikte Konditiounen an ënner strikter Kontroll Iwwerwaachungsinstrumenter ze benotzen.

De Srel hätt sech och deementspriechend equipéiert. Dat äntwert de Staatsministère op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis.

Hannergrond vun der Fro sinn Aussoe vum Staatsminister an engem Interview mat Luxembourg Times, déi suggeréieren, datt de Lëtzebuerger Staat déi ëmstridde Spionagesoftware Pegasus kaf hätt.

Dës Aussoen hätte sech awer allgemeng op d’Akafe vun esou engem Outil bezunn, heescht et an der Äntwert.

Aus Sécherheetsgrënn a fir d’Enquêten ze schützen, kéint ee keng Detailer iwwert technesch Equipementer vum Geheimdéngscht ginn.

Back to Top
CIM LOGO