Immigratiounstad EschSproochecourse sinn e wichtege Bestanddeel vun der Integratiounspolitik

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch géifen immens vill Sproochecoursen ugebuede ginn an dat wier e wichtege Bestanddeel vun der Integratiounspolitik.
Immigratiounsstad Esch
Sproochecoursen e wichtege Bestanddeel vun der Integratiounspolitik

Dat sot den DP-Integratiounsschäffen Pim Knaff e Samschdeg de Moien op den Assises de l'intégration. Hei gouf zesumme mat de Bierger en éischte Bilan vum sougenannte "Plan communal intégration" gezunn. D'Integratioun hätt bis elo all de Schäfferéit zu Esch um Häerz geleeën, esou de Pim Knaff, vue dass Esch schonn zanter iwwer 100 Joer eng Immigratiounstad wier.

"Et si vill Leit bei eis schaffe komm. Elo si vill Leit, déi och bei eis kommen, well se eng Protection internationale sichen, well se net méi kënnen doheem sinn. Dat huet natierlech nei Defie mat sech bruecht. Also et läit eis um Häerz, datt mer eis Residente gutt ophuelen, datt mer e positiivt Ëmfeld schafen an datt mer hinnen d'Méiglechkeet ginn, sech z'integréieren, notamment duerch vill Sproochecoursen, duerch d'Participatioun an den Associatiounen an natierlech wëlle mer all, datt se sou wäit duerno prett sinn, datt se sech och kennen um politesche Liewe bedeelegen."

Back to Top
CIM LOGO