
Ënnert anerem déi Froen huet den CSV-Deputéierte Marc Spautz dem Premier, dem Finanz- an dem Justizminister gestallt, déi an hirer Äntwert drop opmierksam maachen, datt een tëscht den Internetspiller an deenen an de Caféën ënnerscheede muss.
Well, wat d'Bornen an de Caféën a Baren ugeet, gëtt et e klore legale Kader. D'Ministeren erënneren an hirer gemeinsamer Äntwert op d'parlamentaresch Fro drun, datt am Juli zejoert Perquisitiounen a Saisien op e puer Plazen gemaach goufen, fir z'evitéieren, datt d'illegal Glécksspiller sech weider verbreeden.
Wat d'Internetspiller ugeet, ass et allerdéngs méi schwéier ze kontrolléieren, vue datt den Operateur vum Spill sech un déi jeeweileg Legislatioun vum Land, an deem e wunnt, muss halen.
Zu Lëtzebuerg ka sech keng Societéit nidderloossen, déi Geldspiller via Internet ubitt - mee zu Malta awer zum Beispill ass d'Legislatioun fir d'Operateuren interessant. An déi Spiller, déi um Internet ugebuede ginn, aus Länner, wou d'Aktivitéite legal sinn, kënnen net verbuede ginn.
Den CSV-Deputéierte Marc Spautz wollt donieft och wëssen, wéi d'Finanzstréim iwwerwaacht ginn, fir Versich vu Fraude a Geldwäscherei ze detektéieren. D'Ministere Bettel, Gramegna a Braz erklären, datt d'Loterie Nationale vun all Client fuerdert, datt dee sech online enregistréiert, fir datt seng Identitéit iwwerpréift ka ginn.
Wat de Gewënn vu Suen ugeet, ginn déi via Online-Account vum Client iwwerwisen, allerdéngs just bis zu 750 Euro. Bis zu der Zomm vun 250.000 Euro gëtt e Virement gemaach, an fir all Gewënn iwwert 250.000 Euro muss d'Persoun sech perséinlech bei der Loterie Nationale presentéieren, fir datt hir Identitéit iwwerpréift gëtt, ier d'Suen iwwerwise ginn.
D'Ministere präziséieren, datt de Secteur vun de Spiller analyséiert gouf an zu Lëtzebuerg festgestallt konnt ginn, datt de Secteur kee grousse Risk a Punkto Geldwäscherei géing duerstellen.
De Benefice vun der Loterie Nationale wier iwwerdeems iwwert déi lescht Joren stabel bliwwen, wouduerch net intervenéiert misst ginn, fir eventuell Perte vun der Oeuvre Nationale ze kompenséieren.