Parlamentaresch FroSpaut-Antigen-Tester als Alternativ fir Alters- a Fleegeheemer

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum Martine Hansen an dem Claude Wiseler geäntwert.
© Shutterstock

Spaut-Antigen-Tester sinn der Santé no duerchaus eng gutt Alternativ, fir Covid-Tester an Alters- a Fleegeheemer ze maachen. Se sollen awer komplementar zu de PCR-Tester genotzt ginn, well dës nach ëmmer déi Fiabelst sinn. An Zukunft sollen awer och Spaut-PCR-Tester den Ofstréch an de Strukture fir eeler Leit vereinfachen.

Aktuell ginn eng ganz Panoplie vun Tester vun enger Rëtsch vu verschiddene Produzenten am LNS gepréift, éier se kënnen an den Asaz kommen. Nieft der Sensibilitéit vun den Tester spillt och de Präis dovunner eng Roll, ob se effektiv benotzt ginn.

Wat déi verschidde Vaccinen ugeet, sou ginn der jo aktuell vun 3 Produzente geimpft. Russland a China hu fir hir entspriechend Vaccinen nach keng Autorisatioun bei der Ema ugefrot.

Bei enger europäescher Commande, nodeem d'Vaccinen aus dem Osten zougelooss sinn, kéint sech dann och Lëtzebuerg bedeelegen.

Dës Äntwerte gëtt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op zwou urgent parlamentaresch Froe vun den CSV-Deputéierten Halsdorf, Mosar, Hansen a Wiseler.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO