2 Méint fräiSoll een an der Vakanz eppes fir d’Schoul léieren?

RTL Lëtzebuerg
Vakanz ass gutt, fir sech z'erhuelen. An awer ass et wichteg, datt d'Kanner iergendwéi "a Form bleiwen", wat d'Léiere betrëfft.
© AFP (Archiv)

Vakanz ass Vakanz. Seet de Christian Lamy, Vize-Direkter vum Script. D'Kanner hunn e Recht drop, sech z'erhuelen an ofzeschalten. Vakanz ass wichteg fir am September frësch unzerappen.

Kanner sollen Zäit hunn näischt ze maachen, ze spillen. Well spillen ass och léieren.

Mä wéi ass et dann awer mam Widderhuele vu Verben, Vokabelen oder Rechnen?

Ech mengen, datt et absolut Sënn mécht wéi bei engem Sportler. Wann een 8 Wochen näischt mécht, ass d'Form fort. Et ass ëmmer d'Fro vum Dosage. Iwwerdreiwe bréngt näischt an et soll ee sensibel drop sinn, wéini d'Kand Loscht huet, eppes ze maachen.

Léieren deet een net nëmmen aus Schoulbicher, seet de Bildungsexpert. Deene meeschte Kanner soll een eng Paus gi mat de klasseschen Hefter, mat de Schoulbicher. Mä op aner Manéiere kann een d'Kanner un d'Liesen, un d'Schreiwen oder u Mathe kréien. A si kënnen allgemeng eppes léieren.

Allgemengbildung ass eng wichteg Viraussetzung. An der Vakanz ass do eng gutt Geleeënheet. An de Musée goen, an den Zoo, an de Bësch... iwwerall léiert een.

Et soll ee mam Kand schwätzen. All Kand ass verschidden an hir Vakanzen och

Geet een an d'Vakanz? Ass Kand an enger Kolonie? An enger Maison Relais? D'Kanner verbréngen hir Vakanze ganz ënnerschiddlech. Déi eng ginn ee Mount a Portugal a wëllen ofschalten. Dat misst ee vu Fall zu Fall kucken. Wann et Richtung September geet, ass et net schlecht, sech z'erënneren, wou ee virun der Vakanz opgehalen huet.

Eng Mussesaach „an der Vakanz ze léieren“ ass et fir de Christian Lamy net. Vu forcéieren hält hien och wéineg, éischter iwwerzeegen.

Et kann een d'Kanner ëmmer forcéieren, eng Aufgab ze maachen, mä et kann ee se net forcéieren, derbäi eppes ze léieren. Léiere kënnt vu bannen. Ech kann engem Kand eng Propos maachen, et ënnerstëtzten, liichten Drock maachen. Mä am Endeffekt léiere funktionéiert just, wann de Kapp derbäi ass. Wann ech e Saz an d'Heft geschriwwen hunn, heescht net automatesch, datt ech eppes derbäi verhalen hunn.

Back to Top
CIM LOGO