D'Biller, déi an de soziale Medie verbreet goufen, ware spektakulär. Wéi gesäit et den Dag drop aus op deene Plazen, déi méi uerg getraff goufen?
Roueg an idyllesch war et e Samschdeg de Moien op der Buerg. Vu Reen a Bullismasse quasi näischt méi ze gesinn. Wéi de Patrick Dronne e Freideg nom Onwieder heem koum, war seng Afaart awer voll mat Buedem a Geäschts, dat hannen aus dem Bësch erofgerutscht koum. De Knascht war och a seng Garage gelaf... an nees eraus. Schued hätt hie keen.
De Patrice Portugues Martinez hat d'Spektakel live mat erlieft a gefilmt, wéi de Bulli de Bierg erofgelaf koum an d'Kanalisatiounsdeckelen aus der Strooss gedréckt goufen.
Vu senger Fënster aus huet den Emile Bertrang nogekuckt, wéi de Patrice d'Autoe weidergewonk huet an duerno mat den Nopere ronderëm d'Kanalisatioun nees zou an de ganzen Dreck ewechgemaach huet. Fréier hätt hie sech dorëms gekëmmert. An an de leschte 50 Joer hätt hien awer scho wäit schlëmmer Zoustänn hei zu Buerglënster gesinn.
Emile Bertrang, lieft zanter 50 Joer op der Buerg:"Fréier ass de Bulli mat an d'Duerf komm, mä an der Tëscht huet d'Gemeng Reservoiren an de Buedem gemaach. Et war guer näischt am Fong geholl, mat Ausnam vläicht vun e puer Leit, déi e Keller hunn."
Vill iwwerschwemmte Kellere gouf et am Norde vum Land. Zu Déierbech an der Gemeng Wëntger, wou e Freideg am Nomëtteg mat 64 Liter de Quadratmeter am meeschte Reen iwwer d'Land erofgaangen ass. De Claude Theis a seng Noperen haten de Bulli vum Maisfeld niewendrun en hallwe Meter héich am Keller stoen.
Tëscht 17 an 21.30 Auer e Freideg den Owend ware 16 Pompjeeë vum Asaz-Zenter Wëntger wéinst den Onwiederen am Asaz. Eemol d'Joer kéim et zu esou Reefäll an der Gemeng, seet den Zenterchef Paul Thines. Och d'Schoul, d'Apdikt an d'Gemeng ware vu liichten Iwwerschwemmunge betraff.
Am Nopeschduerf Kréindel stoungen d'Kéi e Samschdeg mat de Féiss am Waasser, de Mais léisst d'Läpper hänken, d'Knëppelsteng waren haart.
RTL-News: Donnerwieder a Staarke Wand: CGDIS mellt 50 Appeller wéinst dem schlechte Wieder