HéichwaasserSituatioun e Samschdeg 10 Auer: D'Peegele ginn zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg, um drëtten Dag dono, zitt d'Héichwaasser sech op ville Plaze weider zeréck.
© RTL

Dat gëllt mol fir Uelzecht, Sauer an hir Nieweflëss. De staatlechen Héichwaasserdéngscht mellt, datt hei lo keen Héichwaasserrisiko méi besteet. Hei dierfte lo virun allem d'Botz- a Opraumaarbechte weidergoen. Zu Rouspert op der Sauer steet d'Waasser allerdéngs nach ëmmer bei iwwer 4 Meter. Dat sinn nach ëmmer 3 Meter méi wéi normal.

An déi aner Richtung geet et mat de Peegelen op verschiddene Plazen op der Musel. Hei hunn d'Autoritéiten e Samschdeg de Moien op e potentiellen Héichwaasserrisiko higewisen. Zu Réimech stoung de Floss e Samschdeg de Moie bei 4,60 Meter, normal ass 3,60 Meter.

Zu Schengen ass d'Musel raus aus dem Bett.

An 3 Gemenge soll iwwerdeems nach keen Drénkwaasser konsuméiert ginn. Et handelt sech do ëm Lëntgen, Beefort a Biissen. Dat hunn d'Autoritéite e Freideg den Owend an engem Communiqué matgedeelt.

Wéi d'Waasserwirtschaftsamt mellt, wäerte sech mat de bessere Meteoskonditiounen och sämtlech Gewässer zeréckzéien an et ass keng Hausse méi an den nächsten Deeg z'erwaarden. Och hir Bereetschaft wier elo agestallt.

PDF: Schreiwes vum Service de prévision de crues Luxembourg (SPC)

Back to Top
CIM LOGO