
Dës Männer ware mat hirem Gefier an en Accident verwéckelt, dat géint 13.30 Auer an der Rue du Clopp. De Chauffer wollt net mam Automobilist aus dem anere Gefier eenegen an esou sinn hien a seng zwee Begleeder fortgelaf, datt an e Bëschstéck, wat d'Grenz mat Frankräich mécht.
Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffer vum Gefier scho kuerz virdrun an eng Policekontroll a Frankräich geroden, hat awer hei schonn d'Flucht ergraff an ass op Lëtzebuerg gefuer. Eng gréisser Sichaktioun gouf ageleet, déi bis ewell awer keng Friichte gedroen huet. D'Ermëttlunge lafen.
Wéi RTL vun Zeie matgedeelt krut, wiere siwe Patrulle vun der Lëtzebuerger Police, esou wéi den Helikopter, an jeeweils eng Patrull aus der Belsch an aus Frankräich op der Plaz gewiescht. Den Auto, deen d'Männer zeréckgelooss hunn, gouf no ronn enger Stonn séchergestallt an oftransportéiert.
D'Police wéi och d'Zeien op der Plaz haten Ufanks vun zwee Flüchtege geschwat. Dës Zuel gouf awer méi spéit op dräi verbessert.