Am FondamentalSEW, SNE an FGFC reagéieren op d'Mesurë fir d'Rentrée

Claude Zeimetz
D'Enseignantsgewerkschaften an d'Gewerkschaft vun de Gemengesyndikater hu Revendicatioune, wat d'Organisatioun vun der Rentrée de 25. Mee ugeet.

Een oppene Bréif vum SEW

Bis ewell wier net gewosst, wou Kanner aus de Kompetenzzenteren higoe sollten, wa se net an de Maisons Relais betreit ginn.

"Här Minister, wéi vill sinn Iech d'Schüler aus de Kompetenzzentere wierklech wäert?" Esou ass en oppene Bréif vun der Personalvertriedung aus deenen Zenteren an der Enseignantsgewerkschaft SEW iwwerschriwwen.

Am Schreiwes gëtt kritiséiert, datt de Claude Meisch bis ewell nach net op d'Kompetenzzenteren agaange wier an déi eenzel Direktiounen sech einfach iwwerlooss wieren. Bis ewell wier net gewosst, wou des Kanner higoe sollten, wa se net an de Maisons relais betreit ginn. Op da lo just Frontalunterrecht gehale gëtt, ass eng weider Fro. Woubäi physesch Aktivitéiten a Kierperkontakt fir dës Schüler extrem wichteg wieren.

Hei géif just probéiert ginn, Mesuren ëmzesetzen op d'Käschte vum Personal, den Elteren an de Kanner mat spezifesche Besoinen.

Oppene Bréif vum SEW un de Minister Claude Meisch

Back to Top
CIM LOGO