Pann war um 17 Auer behuewenStroumpann zu Réimech duerch defekte Kabel, verschidde Servicer vun der Stad ware just limitéiert erreechbar

Samantha Weber
D'Stad Réimech hat eng Stroumpann gemellt, duerch déi hir Servicer den Ament nëmme begrenzt z'erreeche waren.
Stroumpann zu Réimech
© AFP

Wéi um Facebook vun der Stad Réimech ze liese war, gouf et eng Stroumpann bei der Creos. Dowéinst waren d'Servicer vun der Stad, dorënner och hir Telefonszentral, nëmme limitéiert z'erreechen.

Creos confirméiert Stroumpann

Wéi d'Creos RTL op Nofro hin erkläert, war en defekte Kabel Grond fir d'Pann. Méi genee wier et eng "Nidderspannungspann", déi sech "op eng Strooss zu Réimech limitéiert". Eng 6-10 Haiser ware betraff. Anescht wéi ursprénglech gemellt, war den Asazzenter Réimech net betraff. D'Pann hätt géint 4 Auer ugefaangen.

Zanterhier hätten d'Ekippe vun der Creos "déi betraffe Clientë kontaktéiert an ofgeklemmt, fir a Sécherheet d'Pann kënnen ze behiewen". D'Creos-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Kabel ze flécken. D'Aarbechte waren um 17 Auer behuewen a sämtlech Cliente wiere nees alimentéiert, sou Creos um Freideg den Owend.

Back to Top
CIM LOGO