
Si huet d'Autoritéite kontaktéiert an déi hunn reagéiert an d'Gefier konnt gebuerge ginn. Och Taucher vum CGDIS waren am Asaz, fir d'Plaz, wou den Auto fonnt gouf, ofzesichen. An der direkter Géigend vum Auto konnt keng Persoun entdeckt ginn, och den Auto war eidel. De Parquet gouf alarméiert an eng Enquête gouf lancéiert.