
Wéinst der Quarantän vum zoustännege Minister Henri Kox gouf dës Debatt iwwert eng Question élargie vum CSV-Deputéierten Mosar vun e Mëttwoch op en Donneschdeg verluecht. Am Fall natierlech, wann de Covid-Test vum Minister Kox negativ ass.
En Donneschdeg dierft de Minister fir bannenzeg Sécherheet awer och nach op eng dréngend parlamentaresch Fro reagéieren, déi d'Stater CSV-Députéiert Wilmes a Mosar gestallt haten. Doranner geet et ëm d'Sécherheetsgefill vun de Leit, déi dat an engem Sondage am Optrag vum Ministère vum Henri Kox gefrot goufen.
D'Deputéiert wëlle vum Minister wëssen, wéi en Zweck déi Enquête huet, ob d'Ëmfro op d'Awunner vun enger spezifescher Stad oder engem Quartier limitéiert sinn a wat sech de Staat dee Sondage kaschte léisst.
Da muss de Minister op eenzel Froen am Sondage agoen, wéi déi, datt sech duerch d'Video-Surveillance d'"Kriminalitéit just géif verlageren", net awer suggestiv wieren.
Wéi gesot: Nieft der Question élargie vun der CSV dierft de Froekatalog vun der Oppositiounspartei iwwert e Sondage vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet och en Donneschdeg an der Chamberplenière am Cercle thematiséiert.