
Alles an allem goufen eng 133.000 Passagéier op de Vollen vun der nationaler Airline gezielt - dat sinn der iwwer eng hallef Millioun manner wéi nach 2019.
Déi meescht Passagéier goufen op de Business- an Connectiouns-Vollen verluer.
Och Luxair Tours verléiert massiv Passagéier: Bannent dem éischten Hallefjoer 2019 waren et der eng 272.000 - dëst Joer ronn 120.000 manner.
Haapt-Destinatioune vun der Luxair am Juni si Portugal mat Porto an Lissabon an och Nice.
Fir LuxairTours sinn dëst Palma, Faro an Malaga.
D'Luxair flitt alles an allem 34 Destinatiounen an 18 Länner un - nei ugeflunn ginn e.a. Bologna, Dubai, Toulon, Oslo a Bukarest.