Zu KeelSchwéieren Accident tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg koum et kuerz no 15.00 Auer an der Rue de Dudelange zu Keel zu engem schwéieren Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad.
© Police Archivbild

Éischten Informatiounen no ass de Motocyclist beim Accident schwéier blesséiert ginn. De Chauffeur ass no enger Éischtversuergung op der Plaz och fir eng weider Behandlung an d'Spidol transportéiert ginn. De Chauffeur stoung ënner Alkoholafloss, wat och protokolléiert gouf.

Wärend dem Asaz war d'Strooss fir de Verkéier gespaart. Géint 16.00 Auer war d'Strooss nees fräi.

Wéi den 112 schreift, koum et géint 15.50 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um CR116 tëscht Bëschdref an dem Openthalt. Hei goufen 3 Persoune verwonnt, méi Detailer si net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO