CGDISSchwéier Verwonnten tëscht Berbuerg an Hierber, Accident Camion-Moto
RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS ee schwéier Blesséierten. Kuerz viru Mëtteg um Samschdeg hate sech tëschent Berbuerg an Hierber e Camion an e Moto ze pake kritt.
Update: 13.06.2020 17:10
Ënnert anerem de Rettungshelikopter war op der Plaz.
Zu Diddeleng an tëschent Hengescht a Bënzelt goufen zwee weider Motocycliste liicht blesséiert an zu Steebrécken gouf e Cyclist vun engem Automobilist ugestouss a liicht verwonnt.