
Op der Bilanspressekonferenz de Mëttwoch de Moie konnt den Direkter Pierre Plumer fir zejoert e Benefice vun 281.000 Euro presentéieren, d'Primme fir d'Mataarbechter schonn ofgerechent. Et wär d'Resultat vun de villen Investissementer, sot de President vum Domaine Thermal Paul Hammelmann.
Et soll weider an d'Infrastrukturen investéiert ginn, wann och bis d'Joer 2023 e bësse manner intensiv. Geziilt a reegelméisseg investéieren, fir den Uspréch vun de Clientë gerecht ze ginn an dat an alle Beräicher vun der Santé bis bei d'Restauratioun an d'Evenementer. Mä dann an zwee Joer gëtt et eescht, dann ass nämlech eng generell Renovatioun geplangt. Déi wäert de Staat an den Domaine Thermal viraussiichtlech 133 Milliounen Euro kaschten.
D'Finanzéierungsgesetz ass zwar nach net gestëmmt, mä de President Paul Hammelmann ass zouversiichtlech.
2021 wäert een ufänken, en neit Gebai ze bauen an deen Ament misst ee verschidden Aktivitéiten delokaliséieren, dass een a Rou schaffe kéint.
D'Aarbechte sollen am Ganze 5 Joer daueren a wäerten deels en Impakt op d'Clienten hunn. An enger éischter Phas sollen d'Clienten awer nach näischt vun den Aarbechte matkréien. Wann et souwäit ass, géing d'Direktioun am Detail iwwer d'Changementer kommunizéieren, esou den Direkter vum Domaine Thermal zu Munneref Pierre Plumer nach. D'thermal Piscine muss wahrscheinlech eng Zäit ganz zoubleiwen.
Den Direkter Pierre Plumer huet garantéiert, dass keng Salariéeë wéinst de Renovatiounsaarbechte misste virun d'Dier gesat ginn.