Serie Konsumenteschutz (2)Schutz a Sécherheet vu Verbraucher am Onlinehandel

RTL Lëtzebuerg
D'Produite sinn online dacks méi bëlleg wéi am Buttek. Mä op wat fir eng Käschten?

Wat sinn d'Nodeeler um Online-Handel a wat fir Direktiven huet d'europäesch Kommissioun ageleet, fir de Konsument ze schützen? Op enger Konferenz iwwer Verbraucherrecht vum europäesche Verbraucherzentrum goufen dës Froen ugeschwat.

Serie Konsumenteschutz (2) / Reportage Nadine Kremer

D'Aféiere vum Online-Handel huet eng Rei vu Verännerunge fir de Consommateur matsechbruecht. Akafe kann ee mat engem Klick. Mä 100% sécher, wat ee kritt, ass een net ëmmer. Et gi Reegelungen, fir de Keefer ze schützen, esou d'Marie-Paule Benassi, Direktesch vun der Bréisseler Generaldirektioun fir Justiz a Verbraucher:

Le consommateur doit avoir toutes les informations nécessaires pour lui pour pouvoir faire un bon choix. Et donc il faut empêcher les entreprises à tromper le consommateur.

En éischt Element ass, dass de Keefer genee wësse muss, bei wiem hien eigentlech keeft. De Shop ass just eng Plattform. Wéi eng Entreprise hir Produiten ubitt, muss do stoen. Da muss och de Präis kloer do stoen, wéi en ass.

Le rabais est ce qui attire le consommateur, ça ne peut pas être le prix de hier qui a été effacé et qui maintenant devient le prix d'aujourd'hui mais présenté comme 90% moins cher.

Duerch esou Offere géif de Consommateur incitéiert ginn, eppes ze kafen, well et bëlleg wierkt, ouni nozedenken, wou den Hoken ass.

Och wann een e Produit online sicht, muss ee kloer erkennen, ob e gesponsert ass.

C'est aussi important qu'il sache si les résultats sont des publicités. Car le principe de base est que la publicité ne doit pas être cachée. La publicité doit être visible et compréhensible par le consommateur.

Och Bewäertungen däerfen net gesponsert sinn.

Ces avis doivent être des vrais avis. C'est-à-dire ça doivent être de vrais consommateurs qui ont vraiment acheté le produit, ça ne doit pas être une société qui a reçu de l'argent pour créer des faux profils de consommateur et faire de faux avis.

D'Online Buttiker musse sech un Direktiven vun der europäescher Kommissioun halen. An der sougenannter Omnibus Direktive goufen der Véier dovun ugepasst an nei accordéiert. Sou sollen déi genannte Problemer behuewen an d'Sécherheet vum Consommateur am Online Handel garantéiert ginn.

Serie Konsumenteschutz (1): Konsequenze vum Online-Handel

Back to Top
CIM LOGO