
Ass et nach justifiéiert, d'Hallschent vun de Schoulstonnen ze verléieren, wann de Virus nëmmen nach sou wéineg present ass zu Lëtzebuerg ? "Nee" fënnt den Educatiounsminister a proposéiert, d'Klassen, esou wuel am Fondamental, wéi am Secondaire, vum 29. Juni un nees zesummen ze leeën. E Freideg de Mëtten am Regierungsrot soll déi definitiv Decisioun falen, déi de Claude Meisch um 18 Auer op enger Pressekonferenz annoncéiere wäert. Am Moiesjournal op RTL Radio Lëtzebuerg huet de Minister awer schonn eng Rei Detailer erkläert.
De System mat gespléckte Klassen, an deem ëmmer nëmmen d'Hallschent vun de Schüler physesch beienee sëtzen, wier zu engem Moment decidéiert ginn, Mëtt Abrëll, wéi een nach vill manner iwwert de Virus wosst, seet de Claude Meisch. Haut hätt een nei Erkenntnisser.
Claude Meisch:"Mir wëssen, datt Kanner an der Regel keng Kanner ustiechen, datt se och manner ustiechend sinn, an dat weisen net nëmmen international Etüden, dat weisen och déi leschte Méint hei zu Lëtzebuerg, also all eis empiresch Erfarung mat Ustiechungen, déi u Kanner festgestallt goufen, ass et éischter esou gewiescht, datt déi Erwuessen d'Kanner ugestach hunn an d'Kanner sech net ënnereneen an och net déi Erwuessen ugestach hunn."
Ma och wann d'Schüler nees all zesummen dierften an d'Schoul goen, géifen awer eng Rei aner Reegele bestoe bleiwen.
Claude Meisch: "Mir probéiere jo awer och hei déi Ëmstellung esou mann wéi méiglech komplizéiert ze maachen, dofir soe mer: "Mir bleiwe beim Horaire, mir bleiwe beim Stonneplang, d'Schoul ass weiderhin vun 8 bis 1 Auer, mir bleiwen dobäi, datt an der Mëttesstonn d'Kantin net fonctionnéiert.""
Fir an de leschte Wochen den Encadrement vun de Kanner an der Grondschoul bannent a baussent de Schoulstonnen z'assuréieren, dat heescht och Nomëttes a während de B-Wochen, goufe ronn 500 Leit recrutéiert. Déi sollen och bleiwen, erkläert de Claude Meisch.
Claude Meisch: "Well mer dann d'Personal vum A-Grupp a vum B-Grupp zesummen an enger Klass vun an doduerch nach eng Kéier méi intensiv kenne schaffen, méi individuell kenne schaffen, well mer musse jo awer wëssen, an dat huet eigentlech och jidderee gesot, datt trotz deem enormen Engagement och wärend dem Apprentissage à distance doheem an och elo an den 2. Wochen doheem, datt dat awer Ënnerscheeder gemaach huet."
Iwwerdeems wier een och am Gaangen ze kucken, wéi dee Pool u Personal kéint agesat ginn, fir iwwert de Summer a fir d'Rentrée eng Offer en place ze setzen, fir déi Schüler z'ënnerstëtzen, déi duerch d'Schoul doheem net sou gutt matkomm sinn.
Den Edukatiounsminister Claude Meisch ass um Freideg ze Moien Invité am Moiesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg.
