Dëse Projet, dee bis den 29. Juni dauert, soll déi Jonk nach besser iwwert Solarenergie informéieren a se nach méi fuerderen, sech fir de Klimaschutz anzesetzen. D'Aarbechte lafen aktuell op Héichtouren. Eng 100 Schüler installéieren um Daach vun der Europaschoul um Kierchbierg Solar-Panneauen. Beim Projet gi se virun allem méi iwwert d'Solartechnologie gewuer. Mat deene Fotovoltaik-Panneaue gëtt Stroum fir 100 Stéit produzéiert.
Insgesamt ginn iwwer 1.500 Fotovoltaik-Panneaue mat enger Leeschtung vu 500 Kilowatt installéiert. Mat där Initiativ wëll een, datt déi Jonk virun allem Erfarunge sammelen a se mat aneren deelen. Och aner Schoule sollen sech vum Projet inspiréiere loossen. Déi Jonk si begeeschtert, bei där Initiativ kënne matzemaachen.
Den Aspekt vun der Sensibiliséierung a puncto nohalteg Energieproduktioun steet beim Projet am Virdergrond. All Dag schaffen eng 10 Schüler un der Konstruktioun, ënnert anerem, fir Solarzelle mateneen ze verbannen.
Greenpeace ass beim Projet fir d'Koordinatioun zoustänneg. Bis ewell huet d'Associatioun 4 Solar-Projeten zesummen mat Gemengen a Jugendhaiser organiséiert.