Educatiounsminister MeischSchoulen am Grand-Duché: Net just Däitschland kopéieren

Tim Morizet
An Däitschland gëtt dat ëffentlecht Liewe vun e Mëttwoch un rëm erofgefuer. Nieft der Fermeture vu Butteker trëfft déi wuel gréissten Aschränkung d'Kanner.
Schoulen am Grand-Duché: Net just Däitschland kopéieren
An Däitschland gëtt dat ëffentlecht Liewe vun e Mëttwoch un rëm erofgefuer. Nieft der Fermeture vu Butteker trëfft déi wuel gréissten Aschränkung d'Kanner.

Well och d'Schoulen an d'Crèchë gi vun e Mëttwoch u fir 3 an eng hallef Wochen zougemaach. Konkret Pläng an dës Richtung ginn et zu Lëtzebuerg den Ament keng.
D'Iddi, d'Chrëschtvakanz ewéi an Däitschland no vir ze verlängeren, schéngt dann emol komplett vum Dësch ze sinn.

De Claude Meisch: "Dat misst jo dann elo gläich sinn. Dovun hunn ech näischt héieren an ech géif mengen, wann dat de Fall wier, wéisst ech scho Bescheed."

Et géif een d'Situatioun zu Lëtzebuerg ewéi och an Däitschland observéieren, esou den Educatiounsminister. Wärend der Chrëschtvakanz sollen d'Erfarungswäerter vun de leschte Wochen analyséiert an ofhängeg vun der Situatioun d'Mesurë punktuell oder groussflächeg adaptéiert ginn, sou den Educatiounsminister. "Dat wëlle mer awer op Basis vu konkrete Chiffere maachen an net aus dem Bauch eraus an och net well Däitschland elo bemol op dee Wee gaangen ass, d'Vakanz ëm eng Woch ze verlängeren. Ech wëll den Ament do näischt ausschléissen, ma ech denken awer elo och net, datt mer um Punkt sinn, fir eng grouss aner Decisioun ze huele par Rapport zu deem, wat mir haut en Place hunn.“

Déi nächst Woche sollen déi Mesuren, déi vun en Dënschdeg un a Kraaft trieden, weider applizéiert ginn.

Änlech ass et fir d'Schoulen. Sollt sech d'Situatioun net verschlëmmeren, géif alles gemaach gi fir d'Infektiounsgefor niddreg ze halen, ma d'Schoulen op ze behalen. De Fokus fir déi meescht Acteure läit elo op der Vakanz.

"Ech mengen, datt jiddereen, dee mat der Schoul ze dinn huet, den Enseignant, d'Elteren an och mir hei am Ministère, frou sinn, wa mer 2 Woche Paus kréien, fir e bëssen duerchzeootmen.

Natierlech och iwwert eppes aneres nozedenken, ewéi just de Covid an d'Schoul an dat all Dag mussen ze stemmen. Dat ass extrem ustrengend fir jiddwereen.“

An awer soll iwwert d'Vakanz e Plang entstoen, wéi et am Januar virugeet, sollt d'Situatioun sech iwwert d'Feierdeeg verschlechteren.

Back to Top
CIM LOGO