Campagne vu Mouvement EcologiqueSchottergäert zu Lëtzebuerg sollen nees verschwannen

Philippe Dondelinger
Grënn ginn et der vill. Wat eng Kéier een Hype war, soll sech nees lues a lues ekologesch an optesch verbesseren.
Schottergäert zu Lëtzebuerg sollen nees verschwannen
Grënn ginn et der vill. Wat eng Kéier een Hype war, soll sech nees lues a lues ekologesch an optesch verbesseren.

D'Michelle Schaltz vum Mouvement Ecologique kennt d'Grënn: manner ekologesch, méi Hëtzt-Entwécklung, wann d'Sonn schéngt a kee Waasser, wat an de Buedem zéie kann. Et gi wuel Grënn fir e Schottergaart, ma villes sprécht awer dogéint. D'Déieren zum Beispill leiden drënner.
Dacks léisst ee sech iwwerrieden, et wier manner Aarbecht. Ma grad sou praktesch sinn dës Gäert dann awer och net. Ofgesi vum Onkraut, wat no enger Zäit duerch wiisst, kënnt de meteologeschen Aspekt dobäi, d'Hëtzt-Entwécklung geet an d'Luucht.

D'Aarbecht, fir e Schottergaart nees lasszeginn, ass e groussen Opwand. Nodeems alleguer d'Steng erausgeholl goufen, kënnt e weidere Problem, deen d'Steng verursaacht hunn: de Buedem ass kompriméiert a muss traitéiert ginn, respektiv mat engem Aktivator gereechert ginn.

Nom oplackere vum Buedem, kann dësen och nees ootmen, respektiv a Symbios mat de Planze sinn, wat alles fir d'Natur sprécht.

Virun e puer Joer ass de Schottergaart zum Hype ginn, dobäi kënnt d’Nomaache vun den Noperen, ma de Mouvement Ecologique huet wéinst all den negativen Auswierkungen elo eng Campagne an d'Liewe geruff.

Verschidde Gemengen verbidden elo scho grondsätzlech d'Uleeë vun engem Schottergaart.

PDF: Schreiwes vum Mouvement Ecologique

Back to Top
CIM LOGO