
An de leschten Deeg goufe bei der Police Schof am Raum Fëschbech gemellt, ënnert anerem an der rue Grande-Duchesse Charlotte. Éischten Informatiounen no soll et sech ëm "Kamerunschof" dréien.
Indicen an Informatiounen iwwert d'Schof, respektiv wiem d'Déiere gehéiere kéinten, si fir d'Police vu Miersch (244-90-1000).