Solle weiderhi privat Sécherheetsfirmen op der Gare an am Bouneweger Quartier an den Asaz kommen oder net?
Déi Fro soll vun de Stater Bierger gekläert ginn an net vun der Politik, sou heescht et aus dem Stater Schäfferot. De Kontrakt vun der Sécherheetsfirma G4S leeft nämlech den 15. November aus
Virun engem Joer hat de Stater Schäfferot den Asaz vu private Sécherheetsfirmen decidéiert. D‘Regierung hätt d‘Gemeng am Stach gelooss am Kampf géint d‘Drogekriminalitéit. D‘Onsécherheetsgefill vun de Bierger an den Onmutt wären ëmmer méi grouss ginn an dorop hätt een reagéiert.
Mëttlerweil ass d‘Bild awer een anert: D‘Regierung huet en neie Mesurëkatalog ëmgesat an deem misst een och Rechnung droen, erkläert de 1. Stater Schäffen Serge Wilmes.
„Mir hunn elo d‘Decisioun geholl, eng Chance ze ginn, dass sech déi Mesuren, déi mer jo och gefuerdert haten, notamment déi verstäerkte Policepresenz, dass déi sech och einfach mol um Terrain kéint weisen. Mir wäerten awer elo am Schäfferot, wa mer nees zesummekommen, nächste Méindeg, doriwwer diskutéieren an dann och eng Decisioun huelen, wéini mer gär hätten, dass déi Reunioun soll sinn. Mir hätten jo och gär, dass d‘Regierungsmemberen, déi dofir verantwortlech och sollen do present sinn. Mir mussen dat mat hinnen dann och ofstëmmen. An da wäerte mer den Ament och eng Annonce maachen, wéini mer déi Reunioun wäerten organiséieren.“
De Kontrakt vun der privater Sécherheetsfirma leeft e Méindeg 8 Deeg den 15. November aus. Dass doduerch elo direkt nees e méi grousst Onsécherheetsgefill bei de Bierger entsteet, mengt de Serge Wilmes net. Den Ament géingen et jo nees méi Policepatrullen ginn:
„An do hu mir natierlech wéi all Joers och ons Chrëschtmäert, wou den Ament och Sécherheetsentreprisen wäerten do sinn fir déi ze securiséieren. Dat Eent huet net direkt ëmmer eppes mat deem Aneren ze dinn, mee ons Chrëschtmäert wäerten jo och am Garer Quartier dozou bäidroen, dass sech d‘Liewen do nees méi wäert entwéckelen, dat wäert nees méi belieft do ginn. Dat kann och zu enger Stäerkung vum Sécherheetsgefill erëm bäidroen.“
Déi politesch Oppositioun am Stater Gemengerot huet d’Decisioun vum Schäfferot per Communiqué per se begréisst, mee op d‘mannst déi Lénk si mat der Argumentatioun net d‘accord. De Stater Gemengeconseiller vun déi Lénk Guy Foetz:
„Et ass elo gesot gëtt, mir maachen eng Versammlung vun de Leit an déi sollen dann decidéieren wat mer maachen, dat geet guer net. Also ech kann net als Politiker d‘Leit à temoin huelen, dass eppes Illegales [déi Lénk soen de Stater Asaz vun private Sécherheetspatrullen wier illegal n.d.l.r.] gemaach gëtt. Da si mer um Niveau vun Trump oder Orban. Dat geet guer net. An wat och net geet eiser Meenung no, dat ass, dass elo géinge vu Chrëschtmaart zu Chrëschtmaart goen. Also op déi Aart a Weis eng Surveillance vun der Voie publique maachen, sou wéi se virdrun vu Parkautomat zu Parkautomat gaange sinn. Also dat ass d‘Gesetz ëmgaangen, d‘Gesetz gebéit.“
Op RTL-Nofro hin huet d'Stater Buergermeeschtesch sech iwwerrascht gewisen. Et wär nämlech scho laang gewosst, dass de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma de 15. November géing auslafen. Vu dass d'Chrëschtmäert virun der Dier stinn, wären da souwisou Sécherheetspatrullen ënnerwee. Op all Plaz, wou Chrëschtmäert sinn, där sinn et der nämlech 4 op der Paräisser Plaz, der Kinnekswiss, der Place d'Armes a bei der Gëlle Fra, wär jeeweils eng aner Sécherheetsfirma engagéiert ginn. D'Buergermeeschtesch erkläert dann och, dass een eigentlech hätt missen am September eng nei Ausschreiwung maachen, mee dat hätt een net kéinten, well d'Regierung jo e Mesurëpak fir Mëtt Oktober versprach hat. Ouni ze wëssen, wat do géing dran decidéiert ginn, hätt een deem net scho wéilte virgräifen mat enger neier Ausschreiwung, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.