GilsdrefSchlëssel aus Vestiaire geklaut a sech mam Auto duerch d'Bascht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wärend engem Futtball-Training zu Gilsdref en Dënschdeg den Owend hunn een oder méi Täter en Autosschlëssel an e Portmonni geklaut.

Nom Training huet een dunn eréischt gemierkt, dass och den Auto net méi do war. Deemno gouf e wäisse Peugeot mat de Lëtzebuerger Placken XJ8719 geklaut.

Police rifft an deem Kontext Leit op, sech ze mellen, falls se eppes gesinn hunn. Et kann ee sech bei der Police vun Dikrech mellen ënnert der Nummer 244 80 1000.

Back to Top
CIM LOGO