
De 27. August schonn, dat heescht zwee Deeg nom Referendum zu Wäiswampech iwwert de groussen touristeschen Infrastrukturprojet „Suneo-Park“, huet de Schäffe Michel Deckenbrunnen seng Demissioun agereecht: Eng entspriechend Nouvelle vum „Lëtzebuerger Wort“ huet den Ex-Gemengepolitiker eis am spéide Freideg de Moie confirméiert.
D'Ursaach vu senger Decisioun léich am Refus, fir dee 27. August am Schäfferot iwwert d'Resultat vun deem Referendum ze schwätzen. Doriwwer eraus hätt de Buergermeeschter Henri Rinnen och, trotz enger Ofsprooch an deem Sënn, näischt méi vun engem Splitting tëscht him an dem Michel Deckenbrunnen un der Spëtzt vun der Gemeng wëlle wëssen.
Hien hätt déi Decisioun net liichtfankeg geholl, mä et misst een ophalen, wann et kee Spaass méi mécht: Dat sot den Ex-Schäffe vu Wäisswampech, Michel Deckenbrunnen, am spéide Moien am RTL-Interview. „Ex-Schäffen“ dowéinst, well de Mann de 27. August ewell seng Demissioun agereecht huet an déi an der Tëschenzäit vum Inneministère acceptéiert gouf!
De 25. hate sech bekanntlech 60% vun de Bierger an engem Referendum géint de groussen touristeschen Infrastrukturprojet „Suneo-Park“ ausgeschwat. Zwee Deeg drop wollt de Michel Deckenbrunnen doriwwer schwätzen: "Well mer do Schäfferot haten, an op där Basis wou ech du gefrot hunn, fir iwwert dëse Referendum ze schwätzen, krut ech direkt gesot, do wier näischt ze diskutéieren. Dat ass da fir mech de Punkt wou d'Dialogbereetschaft gläich Null ass an dat huet och mat Demokratie Null ze dinn. Dat war dann och een vun de Punkten, fir meng Demissioun ze schreiwen."
War dann en anere Punkt fir seng Entscheedung deen, dass de Buergermeeschter Henri Rinnen, trotz Ofsprooch an deem Sënn, näischt méi vun engem Splitting vum Poste vum Gemengepapp hätt wëlle wëssen?
Egal wéi brauch Wäiswampech elo en neie Schäffen! De Michel Deckenbrunnen selwer wëll an Zukunft kucken, ob hie sech nach emol gemengepolitesch engagéiert.