D'Sardinnen sinn eng Protestbeweegung. Géint Rietsextremismus, Intoleranz an Nationalismus. Ugefaangen hat et et mat engem Flashmob zu Bologna op enger Walmanifestatioun vun der Partei Lega Nord. Et goung drëm souvill Leit zesummenzekréien, fir datt se sech wéi Sardinne fillen. Dohier och de Numm.
Nieft dem Flashmob an der Stad waren der och zu Bologna, München a Barcelona.
