
Goufen ze vill Grippe-Vaccine bestallt? A bleiwen d'Apdikten net op den Dose sëtzen? Ënnert anerem dat wollt den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf an enger parlamentarescher Fro vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëssen.
Wéinst dem Risk vun enger Penurie huet d'Direktioun vun der Santé am Juni decidéiert, selwer 30.000 Dose vum Grippevaccin ze kafen. An dat zousätzlech zu de Vaccinen, déi iwwert d’Apdikte bestallt gi waren. D'Paulette Lenert präziséiert an hirer Äntwert, datt den Akafspräis bei 9,50 Euro pro Dosis ouni TVA läit. 5.000 vun den 30.000 Vaccine ginn u verschidde Servicer an Administratioune vum Staat verdeelt. Do ginn d'Leit am Normalfall nämlech schonn am Oktober geimpft.
Dëst Joer gouf awer fräiwëlleg ofgewaart an de Virtrëtt de vulnerabele Leit oder Gesondheetsberuffer gelooss.
Wat d'Fro vum Jean-Marie Halsdorf betrëfft, ob et kee Risk géif ginn, datt Apdikten elo op den Impfdosissen sëtze bleiwen, seet d'Gesondheetsministesch, datt een net dovun ausgeet, vue datt zanter Woche keng Vaccine méi disponibel sinn. Et wéisst een allerdéngs net, wéi vill vulnerabel Leit sech nach wéilten impfe loossen.
Dann hat den CSV-Deputéierten nach Froen, wat den Impfstoff géint d'Longenentzündung ugeet. Am Summer war do eng grouss Quantitéit bestallt ginn, iwwer 3.200 Dosen. Allerdéngs sinn der do iwwer 2.100 iwwreg bliwwen.
A vue datt den Oflafdatum relativ kuerz war, hunn dës och missen zerstéiert ginn, confirméiert d'Paulette Lenert an hirer Äntwert. Eng Dosis kascht iwwregens 20,50 Euro ouni TVA. Beim Grippevaccin ass et nach d'Prezisioun vun der Gesondheetsministesch, datt dësen net nach nächste Wanter benotze ka ginn, vue datt de Vaccin jo all Joer changéiert.