
Méi fréi am Dag, ronn eng hallef Stonn no Mëtteg, gouf et iwwerdeems eng Kollisioun tëscht zwee Ween an de Rue Winston Churchill zu Zolwer. Bei dësem Accident gouf eng Persoun verwonnt. D'Police an eng Ambulanz an d'Pompjeeë vun Déifferdeng waren op der Plaz.
Zu Mamer op der Areler Strooss ass kuerz no 12.00 Auer ee Fuerer an eng Mauer geknuppt. Bei dësem Virfall ass keng Persoun zu Schued komm. D'Police an d'Pompjeeë vu Mamer goufen op d'Plaz geruff.
Kuerz no 13.15 goufen d'Police, d'Ambulanz vu Mäertert, d'Pompjeeë vu Mäertert-Gréiwemaacher souwéi déi vu Manternach an d'Rue de Muenschecker op Gréiwemaacher geruff. Ee Blesséierte gouf et do nämlech, wéi een Auto eng Persoun ze pake krut.
Géint 15.35 Auer krut een Auto op der Autobunn A6 an Direktioun Lëtzebuerg d'Leitplanken ze paken. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Stengefort a Koler souwéi d'Ambulanz vun Déifferdeng. Eng Persoun gouf bei dësem Virfall blesséiert.
Eng Persoun gouf iwwerdeems blesséiert, wéi an der Rue de Bascharage zu Kënzeg zwee Gefierer sech ze pake kruten. D'Ambulanz vu Mamer, d'Pompjeeë vu Käerjeng an d'Police goufen op d'Plaz geruff.