CGDISSamu bei Accident zu Steesel am Asaz

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter aus der Nuecht op e Sonndeg.
© Jeannot Ries

Eng éischte Kéier koum et zu Steesel op Rellent kuerz no 23.30 Auer zu engem Accident, an deen een Auto dra verwéckelt war. Hei waren nieft dem Ettelbrécker Samu och d’Rettungsekippe vu Steesel, Lëntgen, Miersch an der Stad op der Plaz, fir sech ëm déi zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.

D’Ekippe vun Diddeleng a Beetebuerg waren dann op d’A13 geschéckt ginn, wou kuerz viru 4 Auer en Auto an der Sortie Helleng en Accident hat. De CGDIS mellt hei ee Blesséierten.

De CGDIS mellt dann nach e puer Incidente vum Sonndeg.

Zu Wal hat et kuerz no 9.30 Auer an engem Kamäin gebrannt. D’Pompjeeë vu Gréiwels waren op der Plaz, blesséiert gouf awer keen. Och zu Iechternach gouf et e Feier. Hei hat et kuerz virun 12.30 Auer an enger Kiche gebrannt. Ma och hei goufen et keng Blesséierter.

Ee Blesséierte gouf et allerdéngs, wéi géint 16.45 en Auto zu Déifferdeng an een Obstakel gerannt ass.

Back to Top
CIM LOGO